Roger Schleimer
Ausgesinn
Roger Schleimer | |
---|---|
Gebuer |
3. Mäerz 1921 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
11. September 1996 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Gewerkschaftler, Politiker |
Partei | LSAP, SDP |
De Roger Schleimer, gebuer den 3. Mäerz 1921 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 11. September 1996 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker.[1][2],
Hie war en aktive Resistenzler deen 1941 vun der Gestapo verhaft gouf an op Hinzert an d'SS-Sonderlager bruecht gouf.[1],[3]
Hie war President vum lëtzebuergeschen Turnverband, Member vum Comité national vun der FEP[1] a Vizepresident vun der Europäescher Turnunioun.
Hie war vun 1968 bis 1979 Deputéierten an der Chamber, d'éischt als Member vun der LSAP, duerno als Vertrieder vun der SdP.[1]
Hie war vun Oktober 1963 bis den Oktober 1974 Member vum Gemengerot vun der Gemeng Esch-Uelzecht.[1]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotion 1978)[4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Hommage à la mémoire du député Roger Schleimer op der 6. Säit vum compte rendu vun der Sëtzung vum 8. Oktober 1996 vun der Chamber
- ↑ Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.164.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 12.02.2012. Gekuckt de(n) 28.10.2014.
- ↑ 75 autres personnalités qui ont été décorées lors de la Fête Nationale am Luxemnburger Wort vum 1. Juli 1978 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 6. Dezember 2022