Op den Inhalt sprangen

Gene Hackman

Vu Wikipedia
Gene Hackman
am Joer 2008
Gebuertsnumm Eugene Allen Hackman
Gebuer 30. Januar 1930
San Bernardino
Gestuerwen 18. Februar 2025
Doudesursaach koronär Häerzkrankheet
Nationalitéit USA
Educatioun Pasadena Playhouse,
Art Students League of New York,
University of Illinois at Urbana-Champaign
Aktivitéit Filmschauspiller, Auteur, Schauspiller, Romancier, Synchronspriecher, Schrëftsteller, Militär, Theaterschauspiller, Autospilot, Offizéier
Gielercher Oscar fir de beschte Schauspiller an enger Nieweroll, Oscar fir de beschte Schauspiller, Sëlwere Bier fir de beschte Schauspiller, Golden Globe fir de beschte Schauspiller an engem Musical oder Kaméidisstéck, Golden Globe fir de beschte Schauspiller an engem dramatesche Film, Cecil B. DeMille Award
Famill
Bestuet mat Faye Maltese
Kanner Christopher Allen Hackman, Elizabeth Jean Hackman, Leslie Anne Hackman

Den Gene Hackman, gebuer den 30. Januar 1930 zu San Bernardino a Kalifornien als Eugene Allen Hackman, a gestuerwen den 18. Februar 2025, war en US-amerikanesche Schauspiller.

Hien ass bekannt fir seng Charakterrollen, besonnesch an den 1970er an 1980er Joren, wéi am Francis Ford Coppola sengem The Conversation, an The French Connection als rabiate Polizist "Popeye" Doyle, oder a Mississippi Burning (1988). Hien huet och a manner usprochsvolle Rolle gespillt, z. B. 1978, 1980 an 1987 a Superman I bis III.

Hie krut e puermol de Golden Globe an zweemol en Oscar (1972 fir déi bescht Haaptroll an The French Connection an 1993 fir d'Nieweroll an Unforgiven).

  • Michael Hanisch: Ein Charakter. Wandlungsfähig: Gene Hackman. In: film-dienst. 58. Jahrgang Nr. 3/2005, S. 60-61, ISSN 0720-0781.
Commons: Gene Hackman – Biller, Videoen oder Audiodateien