Félicien Steichen
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Félicien Steichen, gebuer den 13. Oktober 1926 an der Stad Lëtzebuerg um Lampertsbierg, gestuerwen de 27. Juni 2011 zu Brignogan[1] an der Bretagne, war e lëtzebuergeschen Dokter a Fuerscher.
Félicien Steichen | |
---|---|
Gebuer |
13. Oktober 1926 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
27. Juni 2011 Brignogan-Plages |
Nationalitéit | USA, Lëtzebuerg |
Educatioun |
Athénée de Luxembourg, Johns Hopkins University, Universitéit vu Lausanne |
Aktivitéit | Chirurg |
No sengem Studium zu Lausanne huet hien als Kannerchirurg ugefaange mat schaffen. 1963 war hien an Amerika fortgezunn. Hie gouf do Universitéitsdozent an hat sech an der minimal-invasiver Chirurgie (Chirurgie mat minimalem Schnëtt a minimale Blessuren) an och an der Video-Endoskopie spezialiséiert.
An der neier chirurgescher Technologie war den Dokter Félicien Steichen weltbekannt ginn. 2003 war hie Chef vum Institute for Minimally Invasive Surgery am St. Agnes Hospital zu New York.
2003 hat de Félicien Steichen en Don un d'Lëtzebuerger Nationalbiblothéik (BNL) gemaach, an hir 130 Këschte voll Fachliteratur aus senger Privatbibliothéik geschenkt.
Publikatiounen
änneren- Steichen, Félicien & Ravitch, Mark:Stapling in surgery - Chicago ; London: Year Book Medical Publishers, cop. 1984
- Steichen, Félicien M.: The dynamics of progress in the art and science of surgery / Felicien M. Steichen.
Auszeechnungen
änneren- Zanter 1993 huet am Medical College zu New York e Léierstull säin Numm, op deem hien och den éischten Dozent war.
- D'Deutsche Gesellschaft für Chirurgie huet 2001 e Félicien-Steichen-Präis geschaf.
Um Spaweck
ännerenCommons: Félicien M. Steichen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ ...s'est éteint à Brignogan (Finistère-Nord) le lundi 27 juin 2011..., Doudesannonce am Luxemburger Wort Nr 158 vum 9. Juli 2011, S. 99